AbstrActionArt by Sue

 

 Mäin Numm ass Sue Wolff an ech sinn eng jonk Kënschtlerin aus Lëtzebuerg.

Gebuer gouf ech den 1. Oktober 1988 zu Diddeleng.

Ech hunn ëmmer scho gär gemoolt an hunn dunn 2005 richteg domat ugefaang, kuerz ier ech och an der Schoul op eng Konscht-Sektioun gewiesselt sinn.

 

2006-2007: 3E (Arts Plastiques) LGE

2007-2008: 2E (Arts Plastiques) LGE

2008-2009: 1E (Arts Plastiques) LGE

 

Meng Wierker sinn abstrakt acryl Biller, meeschtens dynamesch a faarwefrou, vun dohier och den Numm : 

„AbstrActionArt“

Abstract & Action & Art

 


Ech hu probéiert meng Techniken iwwert Joeren ze verbesseren an hu meng Methoden Schrëtt fir Schrëtt weider entwéckelt. Am Ufank war ech nach méi ugespaant a manner spontan, mee mat der Zäit hunn ech geléiert mech fräi ze fillen wann ëmmer ech molen. Sou kann ech ofschalten a Suergen/Gefiller verschaffen a vergiessen.Trotzdem muss ech eng kloer Idee hunn, ier ech menger Fantasie fräie Laf ka loossen.

 

 

*** A picture is a poem without words ***

                                                   ~Horace

 

 

 

 

  

 


Als „nei“ Mama leieren ech all Dag dobei a geneissen all Sekonn